E Sonndeg konnte sech déi Dikricher Waasserballer fir dat zweet Joer hannereneen den Triplé sécheren.

D'Ekipp aus der Ieselsstad hat schonn nieft dem nationalen Titel och déi interregional Meeschterschaft fir sech kënnen entscheeden. E Sonndeg koum dunn deen 3. mat dem Succès an der Coupe dobäi.