Wéinst de schlechte Wiederkonditioune goufen alleguerten d'Matcher vun e Mëttwoch ofgesot an dës ginn elo en Donneschdeg gespillt.

Bei den Dammen a bei den Häre sollten e Mëttwoch nach jeeweils zwou Véierelsfinalle gespillt ginn. Bei den Damme sinn dat d'Partië Simona Halep géint Amanda Anisimova a Madison Keys géint Ashleigh Barty. Bei de männleche Profie sollten e Mëttwoch d'Matcher Novak Djokovic géint Alexander Zverev an Dominic Thiem géint Karen Khachanov gespillt ginn.