An der nordamerikanescher Profiliga NBA ass Toronto nëmmen nach eng Victoire vun hirem éischten Championstitel ewech.

D’Toronto Raptors hunn e Freideg de 4. Match vun der Serie géint Golden State Warriors 105 zu 92 auswäerts gewonnen.

D’Raptors konnten op en Neits op eng Glanzleeschtung vum Kawhi Leonard zielen, dee 36 Punkte geschoss huet. D’Warriors vermëssen zanter Optakt vun der Finale-Serie hire Star Kevin Durant.

Et steet elo 3:1 fir Toronto. Den Éischten, dee 4 Matcher gewonnen huet, ass Champion. Nächste Match ass an der Nuecht vun e Méindeg op e Dënschdeg zu Toronto.