D'Nuit du Sport gëtt all Joer vu Gemengen, Verbänn a Veräiner organiséiert a gëtt am Kader vum Handlungsplang "Gesond iessen, méi beweegen" organiséiert.

Dëst Joer ass markéiert duerch en neie Rekord zanter d'Nuit du Sport op Initiativ vum Service National de la Jeunesse zesumme mam Sportsministère organiséiert gëtt. 31 Gemengen hu bei der 11.  Editioun matgemaach an e flotte sportleche Programm fir Jonk an Al zesummegestallt.

Sou och zu Nidderfeelen. Do huet d'Commission des sports et de la jeuneusse 8 verschidden Ateliere presentéiert. Vu Badminton, Ping Pong, Futtball, Pompjeesaktivitéit iwwer Wikingerschach, konnt een alles probéieren a matmaachen.

D'Ketty an de Rom Hankes ware fir eis op der Plaz an hunn dee sportleche Spaass mat hirer Kamera festgehalen.

Wéi d' Leit aus der Kommissioun an aus deene verschiddene Clibb verzielt hunn, war d' Nofro ganz grouss. Wéini ass Training, wien duerf scho matmaachen, wat muss ee kënnen, wéi al muss ee sinn, dat waren nëmmen e puer vun de ville Froen, déi gestallt goufen. D'Nuit du Sport ass deemno net nëmmen e sportlechen Evenement, fir sech z'ameséieren, mä och eng Méiglechkeet e Veräin an eng nei Sportaart fir sech z'entdecken.