En Dënschdeg de Mëtteg war zu Nyon an der Schwäiz d'Auslousung vun der Virronn vun der Europa-League-Qualifikatioun.

Hei ware 14 Ekippen an der Auslousung vun der Virronn dobäi, dorënner och de Progrès Nidderkuer. Deemno kënnt et zu 7 Partien an déi 7 Gewënner qualifizéiere sech deen Ament fir déi 1. Ronn vun der Europa-League-Qualifikatioun.

Den Tabellevéierten aus der BGL Ligue kritt et an dëser Virronn mat der Cardiff Metropolitan University ze dinn, déi sech sensationell fir dës Europa-League-Qualifikatioun qualifizéiere konnten. De Cardiff Metropolitan University FC ass eng Ekipp, déi haaptsächlech aus Doktoranden a Master-Studente besteet. Allerdéngs spille si an der héchster walisescher Liga mat.

© twitter/CardiffMetFC

Den Allersmatch ass de 27. Juni an de Retourmatch ass fir de 4. Juli geplangt. De Progrès Nidderkuer spillt hiren Heemmatch am Stade Municipal de la Ville de Differdange zu Uewerkuer, dat heescht am Stadion vum FC Déifferdeng 03.

Alleguerten d'Matcher am Iwwerbléck:

Progrès (LUX) - Cardiff MU (WAL)
La Fiorita (SMR) - Engordany (AND)
Sant Julià (AND) - Europa (GIB)
Ballymena (NIR) - NSÍ (FRO)
Prishtina (KOS) - St Joseph's (GIB)
Tre Fiori (SMR) - KÍ Klaksvík (FRO)
Barry Town (WAL) - Cliftonville (NIR)