De Lëtzebuerger Trainer gëtt deemno Nofolger vum Thomas Oral beim FC Ingolstadt, dat huet de Veräin e Mëttwoch bekannt gemaach.

AUDIO: Jeff Saibene Trainer zu Ingolstadt / Rep. Jeff Kettenmeyer

De 50 Joer ale Lëtzebuerger ënnerschreift ee Kontrakt bis 2021 a wäert vun nächstem Mëttwoch un den Training bei de Schanzer leeden.

Ingolstadt huet vun 2015 bis 2017 an der éischter Bundesliga gespillt. Den Ament ass d'Ekipp awer wäit dovun ewech an ass viru kuerzem an déi drëtt Liga gefall. Nom Ofstig sinn déi Responsabel dunn un de Jeff Saibene erugetrueden.

Wéi sou dacks am Fall vun engem Ofstig muss d'Ekipp e puer Spiller zéie loossen. Dorënner deier Spiller, déi net méi kënne bezuelt ginn an awer och Spiller, déi a méi héijen Divisioune wëlle spillen. Am grousse Ganze wär de Kader awer schonn zu 90 Prozent fix an et sinn och eng Partie jonk Spiller mat dobäi, sou de Saibene.

Déi nächst Woch fänkt de Jeff Saibene säin Engagement bei Ingolstadt un an als éischt sti 4 Woche Preparatioun op déi nei Saison um Programm.

Fir déi nei Saison gëllt et trotz der grousser Konkurrenz laang uewe matzespillen an dann eng realistesch Chance ze hunn, ze steigen, och wann dat alles anescht wéi einfach dierft ginn. Mat Veräiner wéi Duisburg, Kaiserslautern, Magdeburg a Braunschweig spillen an der 3. Liga vill Traditiounsveräiner, déi och Ambitiounen hunn, fir opzesteigen.

Bis Dezember 2018 souz de Jeff Saibene op der Bänk vu Bielefeld, een halleft d'Joer méi spéit fänkt also säin neien Job zu Ingolstadt un.