Um Samschdeg an um Sonndeg stoung am Turnen déi national Championnater bei den Hären a bei den Dammen um Programm.

Championnat bei den Dammen

Um Sonndeg sinn d'Decisiounen bei den Dammen am Championnat vum Turnen gefall. Am General konnt sech de Réveil Beetebuerg de Championstitel sécheren.

Bei den Dammen ka sech Beetebuerg duerchsetzen
An der Kategorie Exercice Rythmique ass et de Flic Flac Déifferdeng, deen d'Nues vir hat.

Championnat bei den Hären

Schonn e Samschdeg si bei den Hären d'Decisioune gefall. No insgesamt 6 Disziplinne konnte sech d'Seniore vu Bieles de Championstitel sécheren.

VIDEO: Lëtzebuerger Championnat am Turnen
Insgesamt stounge fir d'Sportler 6 Übungen um Programm. De Sport huet allerdéngs duerch déi Leeschtungen, déi gefuerdert ginn, Problemer fir Nowuess ze suergen