Ewéi d'Marca e Mëttwoch matgedeelt huet, trëtt de Luis Enrique aus perséinleche Grënn als Trainer vun der spuenescher Nationalekipp zeréck.

Dës Decisioun koum relativ iwwerraschend. Wéi et heescht, huet de fréieren Trainer vum FC Barcelona selwer beim Verbandspresident Luis Rubiales ugefrot, fir säin Traineramt kënnen néierzeleeën.