Op der Futtball-WM vun den Dammen a Frankräich gouf Schottland e Mëttwoch eliminéiert, no engem 3-3 Gläichspill géint Argentinien.

Déi argentinesch Dammen hunn nach eng Chance fir sech fir d'Aachtelsfinalle ze qualifizéieren. England war Japan mat 2-0 iwwerleeën. Béid Formatioune ware schonn virum leschte Spilldag fir d'Ronn vun de beschte 16 Equippen qualifizéiert. D'Englännerinne si mat 3 Victoire aus dräi Matcher Gruppenéischten. Japan kënnt mat 4 Punkten op déi zweet Plaz.

Um Donneschdeg spillen Holland a Kanada géinteneen a Kamerun kritt et mat Neiséiland ze dinn.

Bis ewell sti sécher 14 Equippen an den Aachtelsfinallen. Et sinn dat Frankräich, Norwegen, Däitschland, Spuenien, China, Italien, Australien, Brasilien, England, Japan, Holland, Kanada, d'USA a Schweden.

Zwou Plaze sinn nach ze besetzen. Gutt Chancen hunn Nigeria, Argentinien, Kamerun a Neiséiland souwéi Thailand a Chile.