De wichtegste Präis op de Réiser Päerdsdeeg ass un d'Lëtzebuergerin gaangen.

Si konnt sech hei virum Victor Bettendorf duerchsetzen, op déi drëtte Plaz koum d'Japanerin Yuko Itakura. Am ganzen hate sech véier Reider fir d'Stieche qualifizéiert. Ënnert hinne gouf de Gewënner vum wichtegste Präis vum Weekend gesicht.

Fir d'Charlotte Bettendorf ass et no 2013 déi zweete Victoire beim Grousse Präis vu Lëtzebuerg.

AUDIO: Extrait Charlotte Bettendorf