Am Testmatch vum Lëtzebuerger Vizechampion am Futtball géint Waldhof Mannheim huet sech den FLF-Nationalspiller Stefano Bensi ferm um Aarm blesséiert.

Bei engem Frëndschaftsmatch géint Waldhof Mannheim hat sech de Stefano Bensi e Samschdeg bei engem Seitenfallrückzieher den Ielebou ausgerenkt. Dëse gouf owes an der Klinik nees agerenkt an de Spiller vun der Fola krut ee Gips.

Wéi schwéier d'Blessur ass, ass nach net gewosst, eng genee Diagnos muss nämlech nach gemaach ginn. En Dënschdeg gëtt de Lëtzebuerger Nationalspiller an den IRM, fir ze kucken, ob d'Bänner gerass sinn. Sollt dat de Fall sinn, da kéint de Bensi fir e puer Méint ausfalen, am anere Fall besteet d'Méiglechkeet, datt hie mat enger Schinn nees séier kéint spillen, sou de Gilbert Goergen vun der Fola Esch am RTL-Interview.

AUDIO: Extrait Gilbert Goergen