RTL-Informatiounen no steet den Armenier kuerz virun engem Wiessel a Russland bei PFC Sotschi.

Aus dem nationale Futtball ass et d'Noriicht, datt den Aleksandre Karapetian déi nächst Saison sécher net wäert fir de Stater Racing spillen.

An de leschte Wochen ass jo ëmmer nees domat gerechent ginn, datt den Armenier an d'Haaptstad géif wiesselen, dëst ass elo net de Fall.

De Karapetian steet RTL-Informatiounen no kuerz virun engem Wiessel a Russland bei PFC Sotschi, déi an der éischter Liga spillen.

Hie géif domat vun Nidderkuer a Russland wiesselen, allerdéngs ass bis elo nach näischt ënnerschriwwen.