D'USA wanne fir d'4. Kéier de Weltmeeschtertitel
An der Finall konnte sech d'Amerikanerinne mat 2:0 géint Holland duerchsetzen.
Zu Lyon stounge sech e Sonndeg an der Finall vun der Frae-Futtball-Weltmeeschterschaft d'USA an Holland géigeniwwer. Um Enn gouf et eng verdéngte Victoire fir d'USA. Si hu sech duerch Goler vum Rapinoe an der 61. Minutt (Eelefmeter) an dem Lavelle an der 69. Minutt mat 2:0 behaapt.
Fir d'USA ass et déi 4. Victoire bei der Futtball-Weltmeeschterschaft.
E Samschdeg hat sech Schweden am Match ëm déi drëtte Plaz mat 2:1 géint England duerchgesat.
De Resumé vum Match
D'US-Amerikanerinne waren déi éischt Hallschent déi besser Ekipp. Si hu vun Ufank un d'Kontroll am Match iwwerholl, wougéint d'Hollännerinne sech fir d'éischt emol op d'Defense konzentréiert hunn. An den éischten 30 Minutten huet dës och gutt gehalen an d'USA konnt sech kaum Golchancen erausspillen. An der 38. Minutt gouf et dunn eng Duebelchance fir den Titelverdeedeger. D'Mewis an d'Morgan hunn d'van Veenendal gepréift, ma déi hollännesch Kipperin konnt de Ball béid Kéiere paréieren. Nëmmen zwou Minutte méi spéit huet d'Morgan et mat engem Schoss aus 18 Meter an de rietsen Eck probéiert, ma och hei war d'van Veenendal op Zack. D'Hollännerinne sinn an der Offensiv dogéint kaum zum Zuch komm. Si hunn hir Konter-Chancen net gutt genuch op en Enn gespillt.
Nom Säitewiessel hunn d'US-Amerikanerinnen du fir den Ënnerscheed gesuergt. An der 61. huet d'Arbittesch op de Punkt gewisen, dat no engem Foul vum van de Gragt um Morgan. D'Rapinoe huet sech der Saach ugeholl an de Ball flaach hallefriets an de Gol gesat. 8 Minutt méi spéit huet et eng weider Kéier am hollännesche Gol gerabbelt. Aus 17 Meter huet d'Lavelle dat ronnt Lieder an de rietsen Eck gesat. Nom 2:0 hunn d'USA den Tempo weider héich gehalen an et gouf ëmmer nees geféierlech virum géigneresche Gol, ma e Gol sollt awer net méi falen.
No 90 Minutte gewannen d'USA d'Finall verdéngt mat 2:0 géint Holland.
Trump gratuléiert
No der Victoire huet den Donald Trump iwwer Twitter gratuléiert. Amerika ass houfreg op Iech all, sou den amerikanesche President. Op d'Attacke vun der Kapitänin Rapinoe, déi hien och wärend dem Tournoi schaarf kritiséiert hat, ass hien net agaangen.
D'Rapinoe hat jo ënnert anerem gesot, si géif sécher net an d'Wäisst Haus goen. Den Trump hat dorobber gereizt reagéiert a gemengt, si soll fir d'éischt wannen an dono schwätzen...dat ass elo geschitt.
D'Megan Rapinoe krut net nëmmen d'WM-Coupe, mä huet och déi meeschte Goaler geschoss a gouf als beschte Spillerin vum Tournoi ausgezeechent.