De City Jogging an der Stad gëtt ouni Chrono gelaf, hei geet et virun allem dorëmmer, fir vill flott Plazen ze gesinn.

Déi frësch Temperaturen hunn e Samschdeg de Moien zum Succès vum Opwierme bäigedroen.Tëschent 10 an 11 Auer konnten d'Participante sech op de Wee maachen. Dat weist och, datt de Chrono beim City Jogging keng Roll spillt. Déi 1.600 Leefer a Leeferinnen, déi mat derbäi waren, si wéi gewinnt op hir Käschte komm. Eng entspaanten Atmosphär, sozial Kontakter, d'Entdecke vun der Stad am Lafen, vir emol nëmmen dat erauszeschielen.