No der WM-Finall ass de FIFA-President Gianni Infantino domat konfrontéiert ginn, dass Fraen anescht bezuelt ginn.

Mat den Zouriff "Equal Pay" hunn d'Spectateure kritiséiert, datt hien d'Fifa-Weltmeeschterinnen anescht bezilt, wéi hir männlech Kollegen. Och déi national Federatioune maachen dat.

Bei der WM vun de Frae goufen am Ganze Primme vu ronn 30 Milliounen Dollar ausbezuelt, de Weltmeeschter Frankräich krut zejoert eleng 38 Milliounen.