
De Gabriel Jesus no sengem Gol. / © AFP
De Rekord-Weltmeeschter ass och ouni den Neymar senger Favoritteroll gerecht ginn an huet fir d'9. Kéier d'Copa America gewonnen.
D'Ekipp vum Nationaltrainer Tite huet sech e Sonndeg den Owend an der Finall vun der Copa America mat 3:1 géint Peru duerchgesat. D'Seleçao konnt domadder am Maracana Stadion zu Rio de Janeiro deen éischte grousse Succès zanter 2007 feieren.
Den Everton (15.), de Gabriel Jesus (45. + 3) an de Richarlison (90.) per Eelefmeter hu fir Brasilien getraff. De fréiere Bundesligaprofi Paolo Guerrero (44.) huet fir den Underdog per Eelefmeter markéiert.
De Match ëm déi drëtte Plaz hat e Samschdeg den Owend Argentinien mat 2:1 géint Chile gewonnen.