E Méindeg de Mëtteg huet d'Alison Riske d'Ashleigh Barty mat 3:6, 6:2 a 6:3 eliminéiert.

Domat ass dat d'Aus an der Aachtelsfinall fir d'Nummer 1 vun der Welt am Dammen-Tennis. D'Australierin konnt den éischte Saz nach mat 6:3 fir sech entscheeden, ma dono hat d'Roland-Garros-Gewënnerin der Amerikanerin näischt méi entgéintzesetzen.

Weider konnt sech d'Elina Svitolina aus der Ukrain mat 6:4 a 6:2 géint d'Petra Martic aus Kroatien duerchsetzen. Fir eng aner Ukrainerin war e Méindeg awer Schluss, d'Dayana Yastremska huet nämlech mat 4:6, 6:1 an 2:6 géint Shuai Zhang aus China verluer. D'Barbora Strycova huet sech dann nach iwwerraschend géint d'Elise Mertens duerchgesat, dat mat 4:6, 7:5 a 6:2.

Méi spéit e Méindeg de Mëtteg war dann och d'Mäerchen vum Cori Gauff eriwwer. déi 15 Joer jonk Amerikanerin huet sech an der Aachtelsfinall der fréierer Nummer 1 vun der Welt Simona Halep aus Rumänien mat 3:6 an 3:6 misse geschloe ginn.

Mam Serena Williams ass awer eng weider Amerikanerin een Tour weider. Si setzt sech kloer mat 6:2 a 6:2 géint d'Carla Suarez Navarro duerch.

An engem reng tschecheschen Duell ass et dann zu enger weiderer ganz grousser Iwwerraschung komm, do konnt sech nämlech no 3 Stonnen a 16 Minutten d'Karolina Muchova mat 4:6, 7:5 an 13:11 géint d'Karolina Pliskova duerchsetzen, déi bei dësem Tournoi op 3 gesat war.

An der leschter Partie gouf et nach eng weider Iwwerraschung, do konnt sech nämlech d'Johanna Konta aus Groussbritannien mat 4:6, 6:2 a 6:4 géint déi zweefach Wimbledon-Gewënnerin Petra Kvitova behaapten. Domat sinn elo schonns 7 Spillerinnen aus den Top 10 vun der Weltranglëscht eraus.

Um Dënschdeg gi bei den Dammen d'Véierelsfinalle gespillt. Ënnert anerem kritt d'Serena Williams et mat hirer Kompatriotin Alison Riske ze dinn, aktuell Nummer 55 op der Welt. D'Johanna Konta aus Groussbritannien trëtt géint d'Tschechin Barbora Strycova un an d'Jelina Switolina aus der Ukrain trëfft op déi aner tschechesch Tennisspillerin Karolina Muchova. D'Simona Halep spillt iwwerdeems géint d'Chinesin Zhang Shuai.

Keng Iwwerraschunge bei den Hären

Bei den Häre konnt sech de Rafael Nadal kloer mat 3 Mol 6:2 géint de Joao Sousa fir déi nächst Ronn qualifizéieren.

De Roger Federer huet sech duerchgesat géint de Matteo Berrettini an 3 Sätz, 6:1, 6:2 a 6:2. Domat steet de Roger Federer fir d'17. Kéier an der Véierelsfinall vu Wimbledon. Hien ass iwwregens mat 37 Joer den eelsten Tennisspiller bei den Hären an der Ronn vun de beschten Aacht bei engem Grand-Slam-Tournoi zanter dem Jimmy Connors am Joer 1991 bei de US Open. Am nächsten Tour kritt de Roger Federer et e Mëttwoch mam Japaner Kei Nishikori ze dinn.

De Roberto Bautista Agut huet mat 6:3, 7:5 a 6:2 géint de Benoit Paire gewonnen an den David Goffin mat 7:6, 2:6, 6:3 a 6:4 géint de Fernando Verdasco.

Weider konnt sech am reng amerikaneschen Duell de Sam Querrey mat 6:4, 6:7, 7:6 a 7:6 géint den Tennys Sandgren duerchsetzen.