De Progrès Nidderkuer ass um Transfert-Maart nach eemol aktiv ginn.

Den Europa-League-Participant huet sech mam Kempes Tekiela nämlech nach eemol mat engem Stiermer verstäerkt. Den 21 Joer alen Däitsche kënnt vun der zweeter Ekipp vun Dortmund.