Am éischten Tour vun der Qualifikatioun krut d'Jeunesse vun Esch Tobol aus dem Kasachstan zougeloust. Am Allersmatch ass et op der Grenz 0:0 ausgaangen.

Déi Escher hunn et einfach net gepackt, fir de Ball iwwert d'Linn ze bréngen. Wuel hate si verschidde gutt Chancen, dorënner eng an der 36. Minutt, ma si sollte sech einfach net belounen. Tobol dogéint war net präzis genuch am Ofschloss, well déi wéinegst vun hire Versich sinn och schlussendlech op de Gol gaangen.

AUDIO: Europa League Jeunesse Esch / Reportage Gilles Tricca