Et geet fir de Stiermer net wéi geduecht vun Nidderkuer bei de Racing, mä an déi éischt russesch Liga.

Den Aleksander Karapetian spillt déi nächst Saison an der éischter russescher Liga beim FK Sotchi. Den Stiermer huet e Kontrakt vun engem Joer mat der Optioun op e weidert Joer ënnerschriwwen. De fréiere Spiller vun Nidderkuer sollt eigentlech vum Progrès bei de Racing wiesselen.

A Russland fänkt Saison den 13. Juli un. Um éischten Spilldag spillt Sotchi géint Spartak Moskau. De 4. August spillen zwee Ex-Nidderkuerer géinteneen. Dann trëfft Sotchi op den FK Ufa, de Veräin vum Oli Thill.