D'Simona Halep huet sech an den Halleffinalle géint d'Elina Svitolina duerhgesat an d'Serena Williams huet d'Barbora Strycova erausgehäit.

E kuerz Prozess huet d'Nummer 7 op der Welt Simona Halep mat der Nummer 8 Elina Svitolina gemaach: 6:1 a 6:3 huet et um Enn geheescht an d'Rumänin huet sech fir d'Finall qualifizéiert.

Hei trëfft si op d'Serena Williams, déi et an der Halleffinall mat dem Barbora Strycova ze di krut. D'Nummer 11 op der Welt huet der Nummer 54 da keng Chance gelooss a sech mat 6:1 a 6:2 kloer duerchgesat.

D'Finall tëscht dem Halep an dem Williams gëtt e Samschdeg gespillt.

© AFP