Um 2. Dag vun den nationale Meeschterschafte konnt d'Noémie Pleimling den nationale Rekord am Speerwerfen ëm 56 Zentimeter verbesseren.

Um Sonndeg beim lëtzebuerger Championnat an der Liichtathletik konnt d'Lëtzebuergerin hiren ale Rekord vun 53 Meter a 69 Zentimeter op 54 Meter a 25 Zentimeter verbesseren. Den ale Rekord hat d'Noémie Pleimling bei engem Meeting zu Bertrix an der Belsch ufanks Juli opgestallt.

Mat de 54 Meter a 25 Zentimeter huet d'Noémie Pleimling hiren eegene Rekord net nëmmen ëm 56 Zentimeter verbessert, ma och d'Wäit vu 54 Meter depasséiert an domat de Kritär erfëllt, fir elo an Zukunft an de Cosl-Elite-Kader ze kommen.

AUDIO: Cosl-Norm fir Noemie Pleimling/Reportage Franky Hippert

© Bern Thill

De Pol Bidaine konnt sech esouwuel iwwert 100 Meter ewéi och iwwert 200 Meter duerchsetzen. De Lëtzebuerger Sprinter war bei den 100 Meter mat enger Zäit vun 10 Sekonnen an 80 Honnertstel iwwert de wäisse Strich koum, bei den 200 Meter hat hien 21 Sekonnen a 55 Honnertstel gebraucht. Dëst wier och eng nei perséinlech Beschtleeschtung fir de Lëtzebuerger gewiescht, ma duerch een ze staarke Réckewand gouf dës Zäit net unerkannt.

Iwwerdeems konnt sech bei de 1500 Meter de Bob Bertemes duerchsetzen, dëst mat enger Zäit vun 3 Minutten 58 Sekonnen an 11 Honnertstel. Zweete gouf den Tim Thull virum Gil Weicherding.

Bei den 800 Meter bei den Damme war d'Lena Kieffer um Enn dat Séiersten. No 2 Minutten 11 Sekonnen a 4 Honnertstel konnt hat sech virum Fanny Arend a virum Yana Havé behaapten. Bei den Häre war de Luc Hensgen dee Séiersten, dëst virum Tim Thull an dem Gil Nicola.

VIDEO: D'Resultater vun de nationale Meeschterschaften an der Liichtathletik
Beim nationale Championnat an der Liichtathletik gouf et nieft dem Rekord vum Noémie Pleimling ënnert anerem och zwou Victoirë fir de Pol Bidaine am Sprint.