Mat um Podium stoungen den Dani Garcia als Zweeten an de Luca Volta als Drëtten. Bei den Dammen huet d'Liz Nepper gewonnen.

Bei der 16. Editioun vum Ardenner Trail konnt sech de Lëtzebuerger Christian Molitor d'Victoire bei den 21 Kilometer sécheren. Hien hat um Enn eng Avance vun 2 Minutten a 6 Sekonnen op den Dani Garcia aus Portugal. Drëtte gouf de Luca Volta aus Italien.

Bei den Damme war d'Liz Nepper déi Séiersten.

Bei den 10 Kilometer war de Luc Mathias dee Séiersten, dëst mat enger Zäit vun 28 Minutten. Séiersten Damm war hei d'Anne Hesse.

Insgesamt hunn 200 Leit un der 16. Editioun vum Ardenner Trail deelgeholl.