Den Triathlon zu Tokyo gouf e puer Stonne virum Start op eng Duathlon-Course gekierzt - d'Qualitéit vum Waasser hat déi néideg Normen net erfëllt.

Dofir sinn d'Participanten nëmmen op déi 2,5 Kilometer laang Lafstreck gaangen, duerno hu si 40 Kilometer Vëloscourse an Ugrëff geholl, fir als lescht nach eemol 10 Kilometer ze lafen - mat dobäi war och de Lëtzebuerger Joe Kurt. Bei dompege Wiederkonditiounen ass fir de Lëtzebuerger eng éierbar 7. Plaz erausgesprongen.

Gewonnen huet den Toyko-Duathlon net wéi erwaart de Favorit Hanquinquant - hie war an eng Chute verwéckelt - , ma de Russ Klomakov.