Zu Wäisswampech ass e Sonndeg déi mëttlerweil scho 24. Editioun vum Wämper Triathlon.

D'Haaptcourse iwwer 1500 Meter Schwammen, 40 Kilometer um Vëlo an 10 Kilometer Lafen, wou och déi national Championstitelen vergi ginn, war de Sonndeg Nomëtteg - vun de grousse Favoritte war awer keen um Depart.

Bei den Häre gouf de Philippe Lamberty virum Claude Lucas beschte Lëtzebuerger an huet sech domat de Landesmeeschtertitel geséchert a bei den Damme war d'Annette Jaffke beschte Lëtzebuergerin. Den Triathlon bei den Häre konnt iwwerdeems den Dylan Magnien op en Neits wannen a bei den Damme war déi éischte Plaz fir d'Catherine Maes.

Schonn e Samschdeg war zu Wäisswampech de WämperLof: Hei gouf et eng Victoire fir de Jonas Kindé bei den Hären a fir d'Mimi Konigs bei den Dammen.