Bei de US Open huet de Schwäizer Roger Federer et net bis an d'Halleffinall gepackt. Hie verléiert e spannende Match géint de Grigor Dimitrov.

D'Elina Svitolina aus der Ukrain steet als éischt Halleffinalistin bei de US Open fest. Dat nodeems si en Dënschdeg den Owend eiser Zäit mat 6:4 a 6:4 géint d'Johanna Konta aus Groussbritannien gewonnen hat. Domat lieft den Dram vum éischte Grand-Slam-Titel fir d'Ukrainerin weider, déi bei de US Open déi éischte Kéier an der Halleffinall steet.

© AFP

Do kritt d'Elina Svitolina et allerdéngs net einfach, well d'Géignerin heescht Serena Williams. Déi 37-Joer-al Amerikanerin gewënnt souverän mat 6:1 a 6:0 géint d'Wang Qiang aus China. Fir si ass et schonns déi 100. Victoire bei dësem Turnéier.

De Bulgar Grigor Dimitrov gewënnt géint de Roger Federer a qualifizéiert sech domat fir d'Halleffinall. An engem spannende Match ka sech den Dimitrov um Enn a 5 Sätz géint de Schwäizer duerchsetzen (3:6, 6:4, 3:6, 6:4 a 6:2).

Den Daniil Medvedev ka sech a 4 Sätz géint de Stan Wawrinka duerchsetzen, dëst mat 7:6, 6:3, 6:3 a 6:1. Hie kritt et an der Halleffinall mam Dimitrov ze dinn.

Déi aner Halleffinall setzt sech aus de Gewënner vun de Matcher: Monfils-Berrettini an Nadal-Schwartzman zesummen.