Bei der 13. Editioun vum Escher Kulturlaf goung et e Samschdeg den Owend duerch déi schéinsten Ecker vun der Minett-Metropol.

Iwwer déi 10 Meile bei de Männer war de Mo Hussein dee Séiersten an iwwer d'10 Kilometer goung kee Wee laanscht de Bob Bertemes vum Celtic Dikrech.

Bei den Damme goung d'Victoire iwwer 10 Meilen un d'Ameshe Tekuam a bei der 10-Kilometer-Course war d'Jenny Gloden dat Séierst.

Den Escher Kulturlaf huet vill Leefer/innen ugezunn
Bei der 13. Editioun waren eng 2.000 Leefer/innen um Depart.