E Samschdeg an e Sonndeg gouf zu Biekerech an der Sportshal en Turnéier zu Éiere vum verstuerwene Camille Gira organiséiert.

Samschdes hu gespillt:

HC Atert Réiden
Red Boys 2
Chev Dikrech 2
Mich & Friends

Sonndes du war et un 2 Selektioune vun der FLH, enger Promi-Ekipp an enger Ekipp vun RTL.

De Sportminister Dan Kersch am Gol, de Schwëmmer Raphaël Stacciotti als Goalgetter an och den RTL-Journalist Eric Ewald huet alles gi beim Promi-Handball-Turnéier e Sonndeg zu Réiden un der Atert.

Als Hommage un de verstuerwene Staatssekretär Camille Gira ware vill bekannte Gesiichter zesummekomm an hu fir de gudden Zweck géinteneen, respektiv mateneen Handball gespillt.

Handball-Turnéier zu Éiere vum Camille Gira
E Samschdeg an e Sonndeg gouf zu Biekerech an der Sportshal en Turnéier zu Éiere vum verstuerwene Camille Gira organiséiert.