An der Liichtathletik war de Weekend mam "Shot Out" zu Hesper déi éischten Editioun vun dësem Event.

Mat dobäi war och de Bob Bertemes, dee jo den Ament e bëssen de Star vun der Lëtzebuerger Liichtathletik ass. Fir de Bommstousser geet et esou lues a Richtung WM. Déi fänkt de leschte Weekend vum Mount September zu Doha am Katar un.

AUDIO: Liichtathletik-WM mam Bob Bertemes/Rep. Jeff Kettenmeyer

De Bob Bertemes zielt spéitstens no sengen 22,22 Meter virun e puer Wochen zu der absoluter Weltspëtzt. Mam Erfolleg kënnt dacks awer och Drock, de Bob Bertemes mécht sech deen awer net selwer.

Op der WM kënnt et virun allem op d'Dagesform un, alles wat virdru war, zielt dem Lëtzebuerger no net méi. Knapp 3 Woche virun Doha stinn nach e puer Kompetitiounen, ma awer och Rou um Programm, sou de Bob Bertemes.

D'Liichtathletik-Weltmeeschterschaft fänkt freides, de 27. September un an dauert bis de 6. Oktober.