1.131 Leefer a Leeferinne waren e Samschdeg bei der 4. Editioun vum Ultra-Trail am Mëllerdall mat dobäi.

D'Lëscht vun de Participante bei der 4. Editioun vum Ultra-Trail am Mëllerdall war ganz international. 56 verschidden Natioune ware vertrueden, dorënner 314 Lëtzebuerg, 269 Fransousen, 204 Däitscher an 167 Belsch.

D'Victoire beim Ultra-Trail, deen iwwer 112 Kilometer gaangen ass, war fir den Éisträicher Andreas Dürr. Hien ass no 11 Stonnen 34 Minutten an 2 Sekonnen iwwert d'Arrivée zu Iechternach gelaf.

Iwwer 75 Kilometer war de Lëtzebuerger David Claerbout de Séiersten. Hien huet 6 Stonnen 22 Minutten an 19 Sekonne gebraucht, wat een neie Rekord ass.

4. Editioun vum Mëllerdall Ultra-Trail
1.131 Leefer a Leeferinne waren e Samschdeg bei der 4. Editioun vum Ultra-Trail am Mëllerdall mat dobäi.

Resultater

Ultra-Trail, 112 km

Hären

1 DÜRR Andreas (AUT) 11:34:02
2 KEUPPENS Benny (BEL) 11:40:42
3 VAN BOS Jan (BEL) 12:13:09
3 ENGELEN Eric (BEL) 12:13:09
Dammen

1 LOEWEN Susanne (LUX) 14:23:24
2 SCHMERFELD Jasmin (DEU) 15:06:17
3 EISENHUBER Jennifer (DEU) 15:31:10
3 HAMMINGER Veronika (AUT) 15:31:10
Long-Trail, 75 km

Hären

1 CLAERBOUT David (LUX) 06:22:19 - Streckenrekord
2 FELCH Florian (DEU) 06:59:25
3 MOUSSERON Florent (FRA) 07:20:42
Dammen

1 XHAFERAJ Shaefi (LUX) 07:48:37
2 RICK Antonia (DEU) 08:28:48
3 SCHENTEN Malou (LUX) 09:00:23

Trail, 39 km
Hären

1 MOLENHUIS Olfert (NLD) 02:59:32
2 SCHACK Jeff (LUX) 03:06:35
3 GADDY Spencer (USA) 03:13:50

Dammen

1 NIEWSTRATEN Mirthe (NLD) 03:42:02
2 ROATA Cris (ROU) 04:09:43
3 PERREIN Adeline (FRA) 04:14:25

Shorty, 15 km

Hären

1 GRIGO Alexander (DEU) 01:07:12
2 MARCHAL Nicolas (FRA) 01:08:35
3 BISDORFF Claude (LUX) 01:09:45

Dammen

1 PLANCQ Laurence (BEL) 01:24:26
2 VAN DE VOORDE Isabel (BEL) 01:25:34
3 PAVY Camille (FRA) 01:25:41