En Dënschdeg war den Optakt vun der Schwamm-Europameeschterschaft am 25-Meter-Basseng zu Glasgow a Schottland.

Fir d'Schwëmmer Max Mannes a Remi Fabiani ass et déi éischte Selektioun fir eng EM. Ugefouert gëtt FLNS-Delegatioun vun de Routiniere Raphael Stacchiotti a Julien Henx.

Schwamm-EM zu Glasgow / Rep. Jean-François Schneiders

Net manner wéi 6 FLNS-Athlete ginn un den Depart vun der Kuerzbunn EM zu Glasgow. Bei den nationale Meeschterschaften am Schwamme virun 2 Woche konnten de Max Mannes a Remi Fabiani sech nach fir dës EM qualifizéieren. Fir béid Schwëmmer ass et déi éischte Participatioun un enger EM. Déi 2 jonk Schwëmmer wäerte virun allem éischt international Erfarunge sammelen.

Beim Max Mannes läit de Fokus um 200-Meter-Crowl. De Remi Fabiani wäert seng Qualitéite probéieren iwwer 200-Meter-Réck ënner Beweis ze stellen. Fir de Raphael Stacchiotti ass et schonn déi 7. Participatioun un enger EM. De Sportzaldot konnt sech bei der Europameeschterschaft 2011 iwwer 200-Meter-4-Nages fir eng Finall qualifizéieren.

Fir des Editioun ass de Raphael Stacchiotti dann och optimistesch u vergaange Resultater kënnen unzeschléissen. Hie probéiert eng nei perséinlech Beschtzäit ze realiséieren, dëst virum allem iwwer 200-Meter-4-Nages.

De Sprinter Julien Henx konnt rezent mat gudde Resultater op sech opmierksam maachen. De Sportzaldot probéiert dann och e gutt Resultat bei der EM ze realiséieren.

D'Zil ass et, een neien nationale Rekord ze realiséieren. De Sprinter probéiert dëst iwwer 50-Meter-Crowl a -Papillon. De 24 Joer ale Schwëmmer probéiert sech dann och nach fir eng 1/2-Finall ze qualifizéieren.

Mat um Depart ass och d'Monique Olivier. D'FLNS-Schwëmmerin start iwwer 100-Meter-Crowl an 200-Meter-Papillon.

Startschoss ass en Dënschdeg mat de Serië bei der EM am Schwammen zu Glasgow.