En Dënschdeg de Mëtteg um 15 Auer war den Depart vun der 36. Editioun vum Silvester-Laf zu Rammerech.

An der Haaptcourse goung et iwwer 10 Kilometer ronderëm Rammerech. Weider stoungen och nach 3 klenger Coursse fir Kanner um Programm.

Iwwer 10 Kilometer bei den Häre gouf et eng Victoire vum Raphaël Durviaux. De Belsch hat op der Arrivée ronn eng hallef Minutt Avance op de Fola-Leefer Christophe Kass. De Podium gouf komplettéiert vum Hussein Mohammed.

3 Véierel vun der Course hat et no enger Victoire vum Hussein Mohammed ausgesinn. Den CSL-Athlet aus dem Sudan krut awer kuerz virun der Arrivée e Stach an de belschen Athlet Raphaël Durviaux, en onbeschriwwent Blat bei eis am Ländchen, ass laanscht gezunn, sou wéi och de Christophe Kass.

Silvester-Laf
En Dënschdeg de Mëtteg um 15 Auer war den Depart vun der 36. Editioun vum Silvester-Laf zu Rammerech.

Bei den Damme war d'Tekuam Bisetegn déi Séierst. D'Ethiopierin wënnt mat bal annerhallwer Minutt Virsprong op d'Lëtzebuergerin Liz Nepper. Déi drëtte Plaz war fir d'Jenny Gloden.

Der Ethiopierin Tekuam Bisetegn ka keen am Ament d'Waasser reechen, dat huet een och en Dënschdeg erëm konnte feststellen. D'Liz Nepper fillt sech jo beim Bëschlaf am wuelsten, weess awer och am Stroosselaf ze iwwerzeegen. Si gëtt 2. virum Jenny Gloden, der Duechter vun eisem fréiere Champion, dem Justin Gloden.

Am Ganze ware 439 Leefer a Leeferinnen um Depart.