Beim Sprint iwwer 10 Kilometer zu Ruhpolding war op en Neits de Martin Fourcade dee Séiersten.

Hien ass feelerfräi bliwwen an hat um Enn 3 Sekonnen Avance op säi Landsmann Quentin Fillon-Maillet. Déi drëtte Plaz goung un de Benedikt Doll aus Däitschland, deen ee Retard vun 12 Sekonnen op de Gewënner hat. Allen 3 Athleten um Podium haten 10 vun 10 Scheiwe getraff.

Am Gesamt-Weltcup läit de Martin Fourcade elo och un der Spëtzt, dat mat 387 Punkte virum Johannes Thingnes Bö mat 374.