D'Lëtzebuerger Schi-Federatioun huet dat nationaalt Schi-Championnat zu Adelboden ausgedroen.

Bei den Häre huet kee Wee laanscht de Matthieu Osch gefouert. De Lëtzebuerger huet sech souwuel am Riseslalom wéi och am Slalom virun der Konkurrenz behaapt. Bei den Dammen huet d'Gwyneth ten Raa de Riseslalom entscheet. Bei Slalom war d'Felippa Grönberg déi Bescht.

Weider Fotoe vum Schi-Championnat fannt Dir op pressphoto.rtl.lu.