D'Italienerin kann zu Sotchi a Russland de Super G an den Alexis Pinturault zu Garmisch-Partenkirchen an Däitschland de Riseslalom wannen.

Bei den Hären gouf et e Sonndeg am Riseslalom zu Garmisch-Partenkirchen an Däitschland eng Victoire fir den Alexis Pinturault. De Fransous hat am Zil e Virsprong vu 16 Honnertstel op de Schwäizer Loic Meillard, deen nom 1. Duerchgang nach op der 1. Plaz louch. Déi 3. Plaz um Podium war fir den Norweger Leif Kristian Nestvold-Haugen, mat engem Retard vu 24 Honnertstel.

Nodeems um Samschdeg Descente wéinst dem staarke Schnéistuerm huet missen ofgesot ginn, konnten Dammen e Sonndeg de Super G awer fueren. Souwuel d'Federica Brignone wéi och d'Sofia Goggia hunn hir gutt Form och zu Sotchi ënnerstrach.

Déi 29 Joer jonk Italienerin Federica Brignone ka sech am Zil mat engem Virsprong vun 20 Honnertstel iwwert d'Victoire am Super G freeën, dat virum Sofia Goggia. D'Joana Hählen hat op der 3. Plaz e Réckstand vu 34 Honnertstel.

D'Amerikanerin Mikaela Shiffrin, aktuell op der 1. Plaz am Weltcup, wéi och d'Petra Vhlova aus Slowenien hunn d'Rees a Russland net ugetrueden a gënne sech eng kleng Paus.