D'Schwäizerin gewënnt virum Schmidthofer an Holdener. Bei den Häre ka sech de Schwäizer Loic Meillard d'Victoire am Parallel-Riseslalom sécheren.

D'Corinne Suter ka sech bei den Damme relativ däitlech d'Victoire am Super G zu Garmisch-Partenkirchen sécheren. Si hat am Zil e Virsprong vun 43 Honnertstel op d'Nicole Schmidthofer. Mat 70 Honnertstel Retard fiert d'Wendy Holdener op déi 3. Plaz.

D'Viktoria Rebensburg aus Däitschland, déi Descente um Samschdeg nach gewonnen hat, ass gefall an huet d'Course net op en Enn konnte fueren. Si huet sech méi uerg um Knéi blesséiert, sou datt si 6-8 Wochen net ka Schifueren an d'Saison domadder fir si eriwwer ass.

Bei den Häre stoung de Parallel-Riseslalom zu Chamonix a Frankräich um Programm. Hei gouf et eng Victoire fir de Schwäizer Loic Meillard, viru sengem Landsmann Thomas Tumler. Op déi 3. Plaz fiert den däitschen Alexander Schmid.

D'Schisprangen zu Willingen an Däitschland gouf iwwerdeems wéinst dem Wieder ofgesot.