En Donneschdeg ass deen Däitsche beim Schi-Alpin-Weltcup zu Saalbach-Hinterglemm an Éisträich fir 3. Kéier dëse Wanter bei enger Descente op 1 gefuer.

No senge Victoiren zu Lake Louis a Garmisch-Partenkirchen huet den Thomas Dreßen en Donneschdeg senge Konkurrente beim Schi-Alpin-Weltcup zu Saalbach-Hinterglemm keng Chance gelooss. Den Däitschen huet sech an der Descente mat engem Virsprong vu 7 Honnertstel virum Schwäizer Beat Feuz d'Victoire geséchert. Mat engem Retard vun 9 Honnertstel stoung nach de Mauro Caviezel aus der Schwäiz um Podium.