Iwwerleeën wënnt Norwegen zu Osla d'Teamsprangen virun Däitschland a Slowenien.

D'Norweger hunn op eng souverän Aart a Weis d'Temsprangen doheem zu Oslo virun enger eideler Kuliss gewonnen. Um Enn hat Norwegen mat de Sprenger Johann Andre Forfang, Robert Johansson, Daniel-André Tande a Marius Lindvik 997,4 Punkten ze verzeechnené. Op d'Plaz 2 koum Däitschland mam Constantin Schmid, Pius Paschke, Stephan Leyhe a Karl Geiger an hat e Retard vun 36,5 Punkten. Drëtten gouf Slowenien mat de Sprenger Ziga Jelar, Timi Zajc, Anze Semenic a Peter Prevc (954,2 Punkten).