De fënneffachen Olympia- a siwefache Gesamt-Weltcup-Gewënner Martin Fourcade hält um Enn vun der Biathlon-Saison op.

"Merci fir d'Rees. Zäit, fir Äddi ze soen", dat huet de Martin Fourcade e Freideg den Owend op de sozialen Netzwierker geschriwwen. De Fransous, deen zu den erfollegräichste Biathlete vun allen Zäiten zielt, huet domadder säi Récktrëtt erkläert.

E Samschdeg wëllt den 13-fache Weltmeeschter um Enn vu senger Karriär an der Poursuite am finnesche Kontiolahti seng Féierung am Gesamtweltcup verdeedegen an d'Kristallkugel fir d'aachte Kéier gewannen.

De Fourcade hat de 14. Mäerz 2010 op der nämmlechter Plaz seng éischt Victoire am Weltcup gefeiert. Op den Dag genee zéng Joer méi spéit wäert hien op der nämmlechter Streck senger sportlecher Rees een Enn setzen.