Souwuel d'ATP, wéi och d'WTA an d'ITF hunn decidéiert, dass bis den 13. Juli keen Tennis méi wéinst der Corona-Kris gespillt gëtt.

E Mëttwoch gouf scho Wimbledon annuléiert an den Dammen-Tennis-Tournoi op der Kockelscheier vum Oktober an den November verréckelt.