An eiser Serie iwwert d’Lëtzebuerger Sportler a Corona-Zäite kucke mir, wéi de Bob Bertemes sech fit hält.
De Sportler vum Joer 2019 lieft an trainéiert zu Mannheim a kann an dësem Moment natierlech keng Kompetitioune maachen. Mam Status vum Elittesportler bei der Arméi hei zu Lëtzebuerg geet et him besser wéi munch anerem Toppathlet. De Bob Bertemes gehéiert zu der Weltklass am Bommstoussen an huet seng Qualifikatioun fir Tokyo 2021 an der Täsch. Am Moment fält et dem Bielesser Athlet net alt ze schwéier, fir eng gewësse Form ze halen an ze trainéieren.
Net an alle Länner profitéieren d'Athlete vun de selwechte Konditiounen, dowéinst hofft de Bob Bertemes och, datt d'Europameeschterschafte vu Paräis Enn August verréckelt ginn.
Ass ee keen Toppstar an der Liichtathletik, sou gëtt et am Ament finanziell ganz schwéier. Als Sportzaldot an der Lëtzebuerger Arméi ass dës Situatioun fir de Bommstéisser awer e bësse méi einfach. D'Moral vum Toppathlet ass gutt a soubal et nees weider geet, ass mat gudde Resultater ze rechnen.
D'Serie "Sportler a Corona-Zäiten am Replay" am Replay
Serie Sportler a Corona-Zäiten (1): De Kamil Rychlicki iwwer seng aktuell Situatioun an Italien
Serie Sportler a Corona-Zäiten (3): Raphael Stacchiotti: Training a Quarantän
Serie Sportler a Corona-Zäiten (4) : Vera Hoffmann a Charel Grethen: Trainingslager oofgebrach
Serie Sportler a Corona-Zäiten (5): Nadia Mossong: Mam Coronavirus och d'Enn vun der Profi-Karriär?
Serie Sportler a Corona-Zäiten (6): De Ken Diederich betreit seng Schüler elo iwwer Internet
Serie Sportler a Corona-Zäiten (7): De Julien Henx schafft weider u sengem groussen Zil
Serie Sportler a Corona-Zäiten (8): De Laurent Jans iwwer d'Situatioun beim Bundesliga-Veräin
Serie Sportler a Corona-Zäiten (9): Fir d'Christine Majerus muss de Sport elo Niewesaach sinn
Serie Sportler a Corona-Zäiten (10): D'Anne Simon ass zeréck aus den USA
Serie Sportler a Corona-Zäiten (11): Danel Sinani krut gutt Nouvellen an dëse schwéieren Zäiten
Serie Sportler a Corona-Zäiten (12): Karate - Gezwonge Paus positiv an negativ
Serie Sportler a Corona-Zäiten (13): Keng einfach Zäit fir d'Ekippesportler
Serie Sportler a Corona-Zäiten (14): Tom Habscheid huet e puer Lächer méi am Gaart
Serie Sportler a Corona-Zäiten (17): Julie Meynen bleift wärend der Kris an den USA
Serie Sportler a Corona-Zäiten (18): D'Lis Fautsch an de Flavio Giannotte hunn et schwéier den Ament
Serie Sportler a Corona-Zäiten (19): D'Sarah de Nutte trainéiert lo Servicer um Späicher
Serie Sportler a Corona-Zäiten (20): Den Triathlet Bob Haller wot en Neiufank
Serie Sportler a Corona-Zäiten (21): Alex Kirsch profitéiert den Ament, doheem ze sinn