Wéinst der Corona-Kris huet den Olympesche Comité vun Andorra decidéiert d'Spiller op ee méi spéiden Datum ze verleeën.

D'Spiller vun de klenge Länner d'nächst Joer an Andorra sinn ofgesot. Wéinst der Corona-Kris huet den Olympesche Comité vun Andorra decidéiert, op Grond vun den ekonomeschen a sportleche Grënn d'Spiller op ee méi spéiden Datum ze verleeën.
Fir de President vum Lëtzebuerger Olympesche Comité, André Hoffmann, koum dës Annonce iwwerraschend.

"Mir si per Bréif vum President vum andorraneschen Olympesche Comité informéiert ginn, dass en Donneschdeg, den 23. Abrëll eng Reunioun vun hirer Organisatioun stattfënnt, fir ze bestätegen, dass d´Spiller an Andorra 21 misste vertaagt ginn. Dat ass schonns bëssen iwwerraschend, well mir bis dohinner keng Unzeechen an déi Richtung kritt hunn.

Extrait André Hoffmann

Wéini an op d'Spiller vun de kleng Länner an Andorra nogeholl ginn ass nach net gewosst.

2023 sinn op alle Fall schonn déi nächst op Malta geplangt.