Des exzeptionelle Prolongatioun trëfft allerdéngs net op Sportler an Arbitteren zou, déi hire Médico-sportif dëst Joer scho verlängert hunn.

De 24. Abrëll gouf e Reglement Grand-Ducal publizéiert, dat vun en Dënschdeg un a Kraaft trëtt. Concernéiert ass de Médico-sportif. D'Sportler, déi den Ament d’Méiglechkeet net hunn fir hire Médico-sportif ze verlängeren, kréien dësen elo bis den 31. Dezember 2021 verlängert. Dës Verlängerung trëfft och fir d'Arbitteren am Basket, Futtball, Handball, Äishockey a Rugby a Kraaft.

Des exzeptionelle Prolongatioun trëfft allerdéngs net op Sportler an Arbitteren zou, déi hire Médico-sportif dëst Joer scho verlängert hunn.