E Sonndeg de 5. Juli ginn also keng Lafschong um Kierchbierg gestréckt. Dat hunn déi Responsabel e Méindeg matgedeelt.

Dës Decisioun wier net ze evitéiere gewiescht, sou d'Fédération Luxembourgeoise d’Athlétisme. D'Regierung huet eng Consigne erausginn, déi net erlaabt, fir e gréissert Evenement bis Enn Juli z'organiséieren. Déi 37. Editioun gouf op nächst Joer de 4. Juli 2021 verluecht.