Déi englesch Premier League wäert am Juni och nees kënne spillen. D'Reprise soll den 12. oder de 19. Juni sinn.

D'brittesch Regierung a Vertrieder vun der Futtballfederatioun goufe sech en Donneschdeg eens.
Spectateure sinn awer, wéi an der Bundesliga, keng erlaabt.

E Samschdeg de Mëtteg rullt de Ball nees an der Bundesliga. No iwwer zwee Méint Paus kréien d'Supporter also nees d'Méiglechkeet, live mat dobäi ze sinn, wann och nëmme virun der Tëlee.

D'Belaaschtung fir d'Spiller gëtt dobäi an den nächste Woche relativ grouss, och wann d'DFL sech do eppes afale gelooss huet.

An dat si 5 Auswiesslunge pro Match, fir sou kënnen eng besser Erhuelung vun de Spiller ze garantéieren. Fir an der Schlussphas vun der Partie déi dacks taktesch Wiessel ze ënnerbannen, gesäit d'Reegel awer vir, datt ee maximal 3 Méiglechkeeten, d'Paus inclus, huet, fir dëst ze maachen. Um 15.30 e Samschdeg gi 5 Matcher ugepaff, dorënner och de Ruhrpott-Derby tëscht Dortmund a Schalke. Domat ass d'Bundesliga déi éischt vun den europäeschen Top-Ligen, déi nees spillt.

Och fir d'Lëtzebuerger Jans a Barreiro geet et also nees lass. Paderborn spillt e Samschdeg géint Düsseldorf a Mainz e Sonndeg zu Köln, iwwerdeems den Dirk Carlson mat Karlsruhe an der 2. Bundesliga Besuch vun Darmstadt kritt.

An de leschte Woche gouf vill iwwer eng Reprise vun der Bundesliga diskutéiert an d'Meenunge ginn auserneen, och beim Tabelleleader München ass ee sech dees bewosst.

Déi Strikt Mesurë ronderëm de Bundesliga-Start brénge Kuriéises mat sech, sou datt Augsburg de Weekend op hiren neien Trainer Heiko Herrlich muss verzichten. De Coach war aus dem Hotel, an deem d'Ekipp ënner Quarantän sollt sinn, erausgaangen, fir sech Zahnpasta a Crème ze kafen, eppes wat esou net erlaabt ass. Lo setzt de Co-Trainer Zellner amplaz vum Herrlich op der Bänk.