De Laurent Jans an de Leandro Barreiro kéinten an der éischter Däitscher Futtball-Bundesliga bei der Reprise no iwwer 2 Méint Paus op der Bänk sëtzen.

Am Moment gesäit et esou aus, wéi wa Paderborn duerch finanziell Problemer, d’Kafoptioun vum Jans awer net kéint zeien. De Kapitän vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp ass jo just vum FC Metz op Paderborn ausgeléint.

Beim Barreiro huet et éischter domat ze dinn, datt 3 Spiller sech fir 2 Plaze streiden. Mainz spillt e Sonndeg géint Köln.

De Jans kritt et mat Paderborn um Samschdeg auswäerts mat Fortuna Düsseldorf ze dinn. An der zweeter Liga kritt de Lëtzebuerger Nationalspiller Dirk Carlson mam SC Karlsruhe um Samschdeg Besuch vun Darmstadt.