D'Membere vun den zwee Stater Veräiner hate scho fir esou eng Fusioun gestëmmt. E Méindeg den Owend huet och d'FLF hire Feu-Vert ginn.

Den neie Veräin RM Hamm Benfica, béid Veräiner hu sech op dësen Numm gëeenegt, spillt an der Saison 2020/2021 an der BGL Ligue. Trainer wäert de Pedro Resende sinn.

Duerch d'Fusioun gëtt eng Plaz an der Éierepromotioun fräi, dës iwwerhëlt Schëffleng. Béiwen klëmmt an déi 1. Divisioun an Heischent spillt d'nächst Saison an der 2. Divisioun.

Fir déi meescht koum dës Fusioun dach awer iwwerraschend. De Juriste-Beroder vun deenen zwee Veräiner, de Maître Marc Theisen, weess awer, datt intern schonn eng Zäit déi Iwwerleeungen lafen:

"Fir de Grand Public koum et vläicht onerwaart, mä déi zwee Veräiner waren elo schonn iwwer Méint am gaangen ze kucken, méi effizient ze schaffen. A bei der Millebaach war och de Problem, datt si just eng Ekipp, also just déi 1. Ekipp hat, an näischt richteg mat der Jugend konnten opbauen. An aus der Iwwerleeung huet ee gekuckt, sech mat Hamm zesummenzesetzen."

De Marc Theisen

D‘Millebaach war dës Saison schonn an der héchster Divisioun. Well Hamm an der Éierepromotioun gespillt huet, steigt Schëffleng aus der 1. Divisioun elo an d'Promotioun op. Béiwe klëmmt vun der 2. an déi 1. Divisioun a fir Heischent-Eschduerf geet et vun der 3. an déi zweet Divisioun.