De fréiere Futtballspiller ass bei sech Doheem gestierzt an huet sech dobäi d'Hëft gebrach.

An der Lescht hat den 83 Joer ale Mann ëmmer nees mat gesondheetleche Problemer ze kämpfen, virun allem mat Häerzproblemer. Mam Réck geplot ass d'HSV-Idol zanter sengem Autosaccident virun 10 Joer. Eng Operatioun wier awer ze riskant, dofir wollt hien d'Péng léiwer erdroen.