Am Futtball setzt den F91 Diddeleng en éischt Zeechen bei senger neier Veräinspolitik.

Den Enzo Esposito kënnt vun Hesper zeréck bei d'Ekipp aus der Forge du Sud. Den 21 Joer ale Goalkeeper gouf beim F91 forméiert, an hat och schonn virun sengem Wiessel bei de Swift, Matcher mat der 1. Ekipp vun Diddeleng gespillt.

Dann huet de Stater Racing de Gérard Mersch fir déi nächst 3 Saisonen ënnert Kontrakt geholl. Den 23 Joer ale Rietsverdeedeger war déi lescht 5 Joer bei der Escher Fola.