De fréieren NBA-Star wëll iwwert déi nächst 10 Joer via seng Mark "Jordan Brand" 100 Milliounen Dollar am Kampf géint Rassismus spenden.

Nom Doud vum George Floyd zu Minneapolis réckelt d'Thema Policegewalt a Rassismus nees uechter d'ganz Welt an de Focus.

De Michael Jordan wëll d'Suen un Organisatioune spenden, déi sech fir Rassegläichheet, sozial Gerechtegkeet an e besseren Zougang zu Bildung asetzen.